Virum Fussball-Lännermatch tëschent Liechtenstein a Lëtzebuerg ass et zu Vaduz zu engem schwéieren Accident mat engem Lëtzebuerger komm.

Wéi d'Police vu Liechtenstein mellt, ass et e Sonnde géint 17:55 zu engem schwéieren Autosaccident mat engem Foussgänger komm. De Foussgänger huet zu dem Lëtzebuerger Fangrupp gehéiert, déi op der Landstrooss Richtung Vaduz ënnerwee waren. De Foussgänger ass ganz hanne vum Grupp (50-60 Persounen) gaangen, wéi ee presuméierte schwaarze Kombi de Mann ugestouss huet. De Mann ass um Capot léie bliwwen a ronn 70 Meter weider vum Capot gefall. De Chauffer ass Richtung Vaduz geflücht, ouni sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren. Wéi et zum Accident konnt kommen ass nach onkloer. De Foussgänger gouf schwéier blesséiert.

D'Police vu Liechtenstein sicht no Zeien, déi Informatiounen zum Virfall oder zum Auto hunn. All Zeie sollen sech ënnert der Nummer +423/ 236 71 11 oder per Mail op info@landespolizei.li mellen.