
© Eldoradio
De 27. Juni gouf um Houwald am Bësch eng Läich fonnt. Hei konnt d'Identitéit elo bestätegt ginn.
Bei der Läich, déi de 27. Juni um Houwald am Bësch fonnt ginn ass, handelt et sech ëm ee 34 Joer ale Mann aus Portugal, esou RTL. D'Enquête géif awer nach weiderlafen. Et misst nach ënnersicht ginn, ob de Mann un engem natierlechen Dout gestuerwen ass oder ob et sech hei ëm eng Strofdot géif handelen.
De Mann soll deemno wéi scho méi laang dout gewiescht sinn, well vum 20. Juni u wier de Mann net méi erreechbar gewiescht.