Bis de 7. Januar sinn d'Winterlights an der Stad op véier Plaze verdeelt.

Wéi et op enger Pressekonferenz heescht, ass e Freiden den Optakt vun de Winterlights an der Stad, esou d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer.

Lauschtert hei eran!

Bis de 7. Januar dauere Winterlights an dës si verdeelt op 4 Plazen uechtert d'Stad, esou de Patrick Goldschmidt vun der Stad Lëtzebuerg.

Lauschtert hei eran!

D'Winterlights solle fir jiddereen zougänglech sinn. Persoune mat engem Handicap sollen een einfachen Zougang zu de Mäert hunn an och Persounen, déi et finanziell net esou gutt hunn, sollen ee schéine Moment um Maart hunn, esou d'Corinne Cahen vun der Stad Lëtzebuerg.

Lauschtert hei eran!

Am einfachste sinn déi ënnerschiddlech Mäert mam ëffentlechen Transport erreechbar. Nieft deene verschiddene Mäert hunn och d'Muséeën an d'Theateren an der Stad hire Programm an hir Horairen ugepasst.

Hei nach e puer Infoen zu der Chrëschtdagsbeliichtung an der ganzer Stad: esou ginn et 1.614 Dekoratiounen, déi aus 2.982 Motive bestinn. Dorënner fale 605 beliichte Beemercher, 29 beliichten Dännebeem, 518 beliichte Fake-Dännebeem, 376 Dekoratiounen un de Luuchten, 47 aner Dekoratiounen an der Loft a 39 Dekoratiounen, déi um Bueden installéiert sinn. Am Ganze goufe méi wéi 70 Kilometer Girlande benotzt. D'Luuchte sinn alleguer zu 100 Prozent LED.

Wanterpark

De Wanterpark op der Kinnekswiss mécht offiziell e Freiden um 12:45 Auer op. Dësen ass sonndes bis donneschdes vun 11:00 Auer bis 21:00 Auer op a freides a samschdes vun 11:00 Auer bis 22:00 Auer.

De 24. Dezember kann ee vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer hei op de Maart kommen. Dëst Joer gëtt et och nees eng Schlittschongpist an déi ass dëst Kéier am Wanterpark op der Kinnekswiss.

Lëtzebuerger Chrëschtmaart

De Lëtzebuerger Chrëschtmaart op der Plëss mécht offiziell e Freiden um 16:30 Auer op. Dësen ass sonndes bis donneschdes vun 11:00 Auer bis 21:00 Auer op a freides a samschdes vun 11:00 Auer bis 22:00 Auer.

De 24. Dezember kann ee vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer hei op de Maart kommen. De 25. Dezember ass de Chrëschtmaart zou.

Wantermaart

De Wantermaart bei der Gëlle Fra mécht offiziell e Freiden um 17:00 Auer op. Dësen ass sonndes bis donneschdes vun 11:00 Auer bis 21:00 Auer op a freides a samschdes vun 11:00 Auer bis 22:00 Auer.

De 24. Dezember kann ee vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer hei op de Maart kommen. De 25. Dezember ass de Chrëschtmaart zou.

Niklosmaart

Den Niklosmaart an de Park mat de Chrëschtdagsbeliichtungen op der Paräisser Plaz maachen offiziell e Freiden um 17:30 op. Dësen ass sonndes bis donneschdes vun 11:00 Auer bis 21:00 Auer op a freides a samschdes vun 11:00 Auer bis 22:00 Auer.

De 24. Dezember kann ee vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer hei op de Maart kommen. De 25. Dezember ass de Chrëschtmaart zou.

Wanterkids

De Wanterkids um Knuedler mécht offiziell e Samschden um 17:00 Auer. Dësen ass mëttwochs bis freides vun 17:00 Auer bis 20:00 Auer op a samschdes a sonndes vun 15:00 Auer bis 18:00 Auer.

De Wanterkids ass méindes an dënschdes zou an och de 24. Dezember ass dëse net op. De Wanterkids ass och just vum 8. Dezember bis den 30. Dezember op.