En Dënschde sinn och déi lescht 21 gewielte Kandidaten an der Chamber vereedegt ginn.

De Claude Wiseler gouf en Dënschdegmëtten zum Chamberpresident bei der ëffentlecher Sëtzung vun der Chamber gewielt. Dëst war och déi éischt Sëtzung bei där d'Chamber nees komplett war. 21 weider gewielte Kandidate sinn dann en Dënschden och nach vereedegt ginn.

Zur Erënnerung ginn et domat 21 Deputéiert vun der CSV, 14 Deputéiert vun der DP, 11 Deputéiert vun der LSAP, 5 Deputéiert vun der ADR, 4 Deputéiert vun déi Gréng, 3 Deputéiert vun de Piraten an 2 Deputéiert vun déi Lénk.