
© Eldoradio
Déi nächst Deeg géif ee just nëmmen nach e bëssi Nidderschlag erwaarden.
D’Zentral fir Héichwaasserprevisiounen huet uginn, dass d’Héichwaasserbereetschaft eriwwer ass. D’meteorologesch Situatioun deit also net méi op e potentielle Risiko vun Héichwaasser hin. Déi nächst Deeg géif ee just nëmmen nach e bëssi Nidderschlag erwaarden. De Peegel Stadbriedemes fält nees an d’Waasserstänn vun der Musel ginn och erof. Wärend e puer Deeg war den Héichwaassermeldedéngscht a Bereetschaft bei der Musel.