
© Pexels
Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.
Der Police goufen tëscht e Méindeg an en Dënschdeg Abréch an Abrochversich gemellt. Ënner anerem an enger Wunneng an der Rue Pierre Clement zu Nidderkäerjeng. Kuerz duerno gouf et en Abroch an e Geschäft am Rangwee um Houwald. Eng Partie Motoen, déi bannen am Geschäft waren, goufe geklaut. D’Täter si geflücht a goufen nach net erëmfonnt. Dann hunn dräi Täter en Abroch zu Déifferdeng op der Place Millchen versicht, mee se goufe gestéiert a si geflücht. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.