Méi spéit goufe Suen opgehuewen, ier d’Kaarte gespaart goufen.

E Méindeg am Nomëtteg gouf e Bedruchsfall zu Esch gemellt. D’Affer gouf iwwer Telefon kontaktéiert fir e Rendezvous auszemaachen an dat wéinst engem Probleem mat Kreditkaarten. Den Täter ass du bei d’Affer heem komm an huet do d’Kaarte gefuerdert. D’Affer huet him se da ginn. Méi spéit goufe Suen opgehuewen, ier d’Kaarte gespaart goufen. D’Police erënnert drun, dass Verwaltungen, Organisatiounen oder Gesellschaften d’Leit ni dozou opfuerdere perséinlech Donnéeën iwwer Telefon z’iwwermëttelen oder frieme Persounen d'Kreditkaarten ofzeginn.