Déi geklaute Saache konnte séchergestallt ginn.

Kuerz no Mëtternuecht gouf der Police en Dënschdeg en Déifstall vun enger Partie Alkoholfläschen an zwee Sonnebrëller gemellt an dat op enger Tankstell zu Monnerech. Zwou verdächteg Persoune konnte méi spéit op der A4 a Richtung Esch gestallt ginn. Si waren iwwregens zu Fouss ënnerwee. Déi geklaute Saache konnte séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl. An en Dënschdeg de Moie sinn se virun den Untersuchungsriichter komm.