
© Eldoradio
De Mouvement écologique huet op de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung an engem Communiqué reagéiert.
Am Communiqué vum Mouvement écologqique iwwert de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung heescht et, dass den Accord positiv Akzenter hätt, mee méi grondsätzlech Reformusätz aus der Siicht vun der Nohaltegkeet géife feelen. Esou géife relevant Aspekter am Widdersproch zu der nohalteger Entwécklung stoen a konkret Formuléierungen op d’Orientéierung vu villen Instrumenter ginn et keng. Gelueft gëtt awer, dass de Koalitiounsaccord ee villfältege Programm mat konkreeten Instrumenter duerstellt.