
© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP
Déi europäesch Verbraucherzentral zu Lëtzebuerg deelt Tipps fir Black Friday, d'Black Week a Cyber Monday mat.
Am Kader vu Black Friday, der Black Week a Cyber Monday huet den europäesche Verbraucherzenter zu Lëtzebuerg e puer Tipps fir ee propperen Akaf matgedeelt. Et gëtt drop opmierksam gemaach, dass ee bei villen Akeef online och e Widderruffsrecht huet an dass e Bezuelunge per Kreditkaarte stornéiert kënne ginn. Des Weidere soll een sech och net vu Spréch wéi "Nëmmen nach 3 Artikelen op Lager" beaflosse loossen.
Black Friday ass e Freide 24. November a Cyber Monday ass de Méinden drop de 27. November.