Duerch d'rout Luucht gefuer, e Fuerverbuet an ze vill gedronk – e Chauffer hat den Donneschdeg an der Stad méi wéi eng komme gelooss.

Kuerz virun 2.00 Auer an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg war enger Policepatrull e Chauffer opgefall, dee virun de Polizisten op enger Kräizung um Boulevard Roosevelt duerch eng rout Luucht gefuer ass.

Dobäi waren och d'Luuchte vum Auto aus. An der Avenue Marie-Therese konnt de Chauffer gestoppt ginn a bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass hien ze vill gedronk hat.

Weider hätt hie wéinst engem Fuerverbuet guer net méi dierfte fueren. Dofir gouf eng Plainte gemaach.