De Lëtzebuerger geet net grad eng an eng hallef Kéier d'Joer bei den Zänndokter.

D'Europäer ginn duerchschnëttlech däitlech manner dacks bei den Zänndokter wéi bei den Hausdokter. Dat geet aus den Zuele vun 2017 vun Eurostat ervir.

De Lëtzebuerger geet dobäi an der Moyenne 1,4 mol pro Joer bei den Zänndokter.

D'Hollänner loossen sech d'Zänn iwwerdeems am meeschte kontrolléieren, dat mat 2,8 Consultatiounen d'Joer. Schlussliicht ass Zypern mat 0,1 Consultatioun.