Wéi kann den Accès op d'Fichiere vun der Police besser geréiert ginn? Zu dëser Fro huet d'Generalinspektioun vun der Police 13 Recommandatioune gemaach.

13 Recommandatiounen zum Accès op d'Policefichiere ginn aus der Etüd vun der Generalinspektioun vun der Police ervir. Dës gouf de Mueren den Deputéierte vun den zwou zoustännege Kommissioune presentéiert. Esou ass do ënnert anerem d'Sensibilisatioun vun de Policebeamten a méi präzis Motiver fir eng Consultatioun vun esou Fichieren, festgehalen.

Aus Dateschutzgrënn kann dës Etüd iwwerdeems net ganz publizéiert ginn.

D'Vertrieder vun der Generalinspektioun hunn iwwerdeems festgestallt, dass d'Datebanken zwar e wichtegen Tool fir d'Aarbecht vun der Police sinn, dass d'Beamten sech awer um Terrain net onbedéngt d'Fro nom Schutz vun der Privatsphär géife stellen.