En Donneschdeg ass annoncéiert ginn, datt d'US-Representantenhaus eng Prozedur fir den US-President aus dem Amt ze kréien, aleede wäert.

D'US-Representantenhaus fänkt mam Ausschaffe vun Uklo-Punkte fir d'Impeachment-Prozedur géint de President Trump un. Dat huet d'Presidentin vum amerikanesche Kongress Nancy Pelosi en Donneschdeg matgedeelt. Dës Demarche wier d'Viraussetzung fir en zukünftege Vott an der Plenière, fir de President aus dem Amt ze kréien.

D'Pelosi huet betount, datt den US-President säin Amt mëssbraucht an d'national Sécherheet vun den USA a Gefor bruecht hätt. Hien hätt op en Neits probéiert, d'US-Walen zu sengem Virdeel ze manipuléieren.

De Kongress gëtt vun den Demokraten dominéiert. Déi eigentlech Decisioun hëlt awer den US-Senat, an deem d'Republikaner an der Majoritéit sinn. Et gëllt dowéinst als onwarscheinlech, datt den Trump sengem Amt enthuewe ka ginn.