An der Nuecht op dësen Donneschdeg ass jeeweils en Auto zu Bartreng an zu Keel geklaut ginn.

En Donneschdeg de Moien huet e Bewunner an der Rue de la Montée zu Keel festgestallt, datt säin Auto net méi virun der Garage steet. Der Police no handelt et sech ëm ee groe Lexus RX450H mat der Lëtzebuerger Plackennummer QD4386, dee wuel an der Nuecht op en Donneschdeg geklaut ginn ass. Den Auto ass mat engem Keyless-System equipéiert.

An der Leidelenger Strooss zu Bartreng gouf déi nämmlecht Nuecht e groe Range Rover mat der Lëtzebuerger Plackennummer TL6910 geklaut.

Eréischt e Méindeg hat d'Police matgedeelt, datt 3 Keyless-

geklaut goufen.