D'Deputéiert vun der zoustänneger Kommissioun hu sech a Punkto Verfassungsreform op 31 Punkte gëeenegt kritt.

Wéi et op der Internetsäit vun der Chamber en Donneschdeg heescht, handelt et sech bei dëse Punkten ëm eng provisoresch Lëscht, déi wuel nach ergänzt ka ginn. De President vun der Kommissioun Alex Bodry schwätzt an deem Sënn vun enger net vollstänneger Lëscht. Als éischt wëll een d'Kapitel vun der Justiz iwwerschaffen. Et war ee sech am Virfeld eens ginn, datt ee keng nei Verfassung plangt, mee eng Revisioun vun den aktuellen Texter.