9 nei Petitioune kann ee mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzen. Eng Petitioun brauch 4.500 Ënnerschrëfte fir kënnen an der Chamber debattéiert ze ginn.

Zanter de Freideg kann um Site vun der Chamber erëm fläisseg ënnerschriwwe ginn, ganzer 9 nei Petitioune sinn do nämlech fräigeschalt ginn. An op en Neits geet et ënnert anerem ëm de Verkéier. D'Petitioune kënne bis de 16. Januar nach mat ënnerschriwwe ginn, 4'500 sinn der néideg, fir et an den ëffentlechen Debat ze packen.

Mobil Radaren a besser Stroossen
Fänke mir mat de fixe Radaren un. Eng vun den 9 Petitioune fuerdert, dass déi erëm ofgeschaaft ginn, se wieren nämlech net gutt placéiert a géifen déi falsch Leit treffen. Besser wier et wéinst dem Iwwerraschungseffekt méi mobil Kontrollen ze maachen a duerch verbessert Infrastruktur d'Stroosse méi sécher ze maachen. Och sollen d'Haaptverkéiersachse besser beliicht ginn. Ausserdeem sollen et op Plaze, wou vill Accidenter geschéien, mobil Vitesskontrolle ginn, déi an de Medien net ugekënnegt ginn.

Eng aner Petitioun wëllt, dass de „Code de la route populaire“, also dat Buch, dat een normalerweis brauch fir sech op den theoretesche Führerschäinsexame virzebereeden, gratis soll ginn. Et kascht de Moment bal 40 Euro, an der Reegel brauch een et jo ni méi an dacks kann een et wéinst den Aktualiséierungen och net méi weiderverkafen, esou d'Argumentatioun vum Petitionär.

Schaffen no 18.00 Auer soll besser valoriséiert ginn
Eng aner schwätzt sech dofir aus, dass d'Spéitschichten, d.h. vun 18.00 Auer un méi valoriséiert ginn, z.B. andeems d'Steiere fir déi Stonne manner ginn. Et géif ee jo vill verpassen, z.B. d'Famill, d'Veräinsliewen asw., et wier also schwéier fir d'ganz Famill.

Eng weider fuerdert, dass een d'Veterinärskäschten an Donen un Déierenasyler ka vun de Steiere kann ofsetzen.

Vu 60 op 70 Joer wëllt eng weider den obligatoreschen Exame fir d'Verlängerung vum Führerschäi setzen. Ënner anerem ass hei d'Argument, dass dës Obligatioun de Verkéier net wierklech méi sécher mécht.

Emissiounsfräi Zonen an de Lëtzebuerger Stied
Zone mat kengen oder bal kengen Emissiounen an der Stad a soss a Stied, dat thematiséiert eng weider Petitioun. Esou kéint een z.B. Plaze ronderëm Schoule schafen an deene bestëmmten Autoen, déi Ofgase produzéieren, verbuede sinn.

E soziaalt Uleies huet déi nächste Petitioun, déi fënnt, dass Persounen, déi duerch onglécklech Ëmstänn esou staark verschëlt sinn, dass se net méi aus hire Scholden erauskommen, dës vum Staat iwwerholl kréien.

Um Enn wëllt nach eng Petitioun e bessert Netz u Vëlosweeër zu Lëtzebuerg an eng aner, dass de Statut vum Engleschen zu Lëtzebuerg formaliséiert gëtt a verschidde Beräicher vun der Administratioun an der Justiz op Englesch accessibel sinn.

Kuckt hei all d'Petitiounen:

  • Gratuité du livre "Code de la route populaire" (1430)
  • Suppression des contrôles de vitesse automatisés – Einstellung der stationären Geschwindigkeitskontrollen (1432
  • Revalorisation du taux horaire en poste d'après-midi (1435
  • Pouvoir déduire fiscalement soit les factures du vétérinaire de nos amis animaux de compagnie que les dons faits aux asiles pour animaux ou aux organismes pour la protection des animaux (1436
  • Repousser de 60 à 70 ans l’examen médical obligatoire pour obtenir la prolongation de son permis de conduire (1441
  • Pour une baisse de prix de l’immobilier au Luxembourg ( 1440
  • Personnes endettées fortement étant au point de non-retour - Aide étatique au remboursement intégral de toutes leurs dettes ( 1402
  • (FR) Formaliser le statut de la langue anglaise au Grand-Duché et ouvrir certains domaines de la justice et de l’administration à l’anglais. (LU) De Status vum Engleschen zu Lëtzebuerg formaliséieren a verschidde Beräicher vun der Justiz a vun der Administratioun op Englesch accessibel maachen. (EN) Formalise the status of the English language in Luxembourg and open some areas of justice and administration to English. (DE) Den Status der englischen Sprache in Luxemburg festlegen und einige Bereiche der Justiz und der Verwaltung auch auf Englisch zugänglich machen. (1417
  • Petition for safe cycling infrastructure in Luxembourg / Pétition pour une infrastructure cyclable sûre à Luxembourg (1424