Mat enger grousser Demo zu Madrid wëllen honnertdausenden Demonstranten e Freideg d'Politiker op der Weltklimakonferenz zu méi Engagement opfuerderen.

Ëmweltschützer wëllen e Freideg um Weltklima-Sommet zu Madrid demonstréieren. D’Fridays for Future-Beweegung erwaart méi wéi 100.000 Participanten. Och d’Grënnerin vun de Protester Greta Thunberg wëll demonstréieren. Mat der Demonstratioun wëllen d’Aktivisten Drock op d’Klimakonferenz maachen. Si fuerderen d’Staaten op méi séier ze handelen a méi fir de Klimaschutz ze maachen. Nei Klimaschutz-Zousoe sinn zu Madrid awer net ze erwaarden. Héichrangeg Politiker kéinten d’Geleeënheet awer fir nei Ukënnegungen notzen. Bei de Verhandlunge geet et virun allem ëm d’Reegele fir de Klimagas-Handel. Dat ass de leschte grousse Punkt deen am Kader vu Paräis nach oppen ass.