Nach bis op d'mannst e Méindeg gëtt a Frankräich géint d'Pensiounsreform gestreikt. Och fir d'nächst Woch si weider Demonstratioune geplangt.

Leit déi a Frankräich wëlle reesen, mussen och nach an den nächsten Deeg mat Problemer rechnen. Wéinst der geplangter Pensiounsreform vun der franséischer Regierung wäert an den nächsten Deeg weider gestreikt ginn.

En Donneschdeg hate bis zu 800.000 Mënschen am ganze Land géint d’Reform demonstréiert. Bis e Méindeg muss ee mat Problemer am Bus-, Zuch- a Fluchverkéier rechnen.