Zu Munneref goufen en Donneschdeg den Owend d’Sportler vum Joer 2019 geéiert.

D’Cyclistin Christine Majerus an de Kugelstousser Bob Bertemes si Sportlerin a Sportler vum Joer ginn. Als Trainer vum Joer gouf de Fussballnationaltrainer Luc Holtz ausgezeechent. Bescht Ekipp vum Joer ass den F91 Diddeleng.