Zu Zolwer ass een Onbekannten dee Rategëft, meeschtens an d'Gäert vun den Haiser geheit, fir d'Hënn ze vergëften.

Zu Zolwer an der Rue Pierre Neiertz an Ëmgéigend vergëft een d’Hënn. Wéi d’Police vu Bieles eis matgedeelt huet, géif een Onbekannten Rategëft meeschtens an d’Gäert geheien. Et wier net déi éischte Kéier. Virun allem Hondsbesëtzer ginn opgeruff gutt opzepassen.