2012 hat sech d'ierfgroussherzoglech Koppel d'Jo-Wuert ginn, elo erwaarden de Prënz Guillaume an d'Stéphanie hiert éischt Kand.

Wéi den Haff matdeelt wäert et Nowuess an der groussherzoglecher Famill ginn. Wéi et am respektive Communiqué heescht, gëtt dat éischte Kand vum Ierfgroussherzog, dem Prënz Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie fir de Mee erwaart.

Béid Famillje géifen sech zesumme mat den zukünftegen Eltere freeën.

Liest hei de ganze Communiqué:

DE MARECHALAT DE LA COUR DEELT MAT

De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse hunn déi immens grouss Freed matzedeelen, datt den Ierwgroussherzog an d’Ierwgroussherzogin hiert éischt Kand fir de Mee erwaarden.

De Grand-Duc, d’Grande-Duchesse grad ewéi d’Membere vun deenen zwou Familljen freeë sech mat den zukünftegen Elteren.

Groussherzogleche Palais, de 6. Dezember 2019