De Moment verdeelen zwou Frae falsch Dokumenter, fir Informatiounen zu de Schied duerch den Tornado den 9. August ze sammelen.

D'Gemeng Käerjeng warnt d'Affer vum Tornado vum 9. August, dass zanter e puer Deeg falsch Dokumenter zirkuléieren. Zwou Frae, déi Lëtzebuergesch schwätzen, géifen deemno vun Dier zu Dier goen an Dokumenter verdeele mat deenen d'Schied, d'selwecht wéi Donnéeën, wéi déi gesammelt Done benotzt ginn, gesammelt solle ginn.

Well et sech awer ëm net-offiziell Dokumenter handelt, déi net vun der Gemeng kommen, sollt een net op dës äntweren.

D'Gemeng géif an deenen nächsten Deeg selwer en Dokument verdeelen an deem iwwer d'Prozedure fir vun enger finanzieller Hëllef kënnen ze profitéieren, informéiert gëtt.