D'Fräifaartsschäiner fir déi Leit, déi vum REVIS profitéiere wäerte fir 2020 verlängert ginn, bis dann den ëffentlechen Transport souwisou gratis gëtt.

Vum 1. Mäerz 2020 u gëtt den ëffentlechen Transport jo gratis. An der Lescht goufen deementspriechend och ëmmer nei Detailer zu de Joresabonnementer, zu de grenziwwerschreidende Präisser awer och zum Adapto-Service bekannt.

Wéi et elo weider vum Mobilitéitsministère heescht, gëtt och d'Gültegkeet vun de Fräifaartsschäiner fir déi Leit, déi de REVIS, also de Revenu d'inclusion sociale kréien, verlängert. Dat bis den 29. Februar 2020.