Och den Dënschdeg soll erëm a Frankräich gestreikt ginn. Dëst hat den Donneschdeg jo och schonn Auswierkungen op de Verkéier a Richtung Lëtzebuerg.

Déi franséisch Gewerkschaften hu fir den nächsten Dënschdeg zu neie Streiken a Masseprotester opgeruff. Dëst huet eng Spriecherin de Freideg no engem Treffe vu 4 grousse Gewerkschaften a 4 Jugendorganisatioune matgedeelt.

Den Donneschdeg waren den Autoritéiten no scho ronn 800'000 Mënsche géint déi geplangte Pensiounsreform vum President Emmanuel Macron op d'Strooss gaangen. D'Streike bei der Bunn, op de Fluchhäfen an dem ëffentleche Verkéier zu Paräis haten do fir vill Chaos gesuergt.