An de leschten zwee Joer sinn Uber no bal 6.000 Fäll vu sexueller Gewalt beim Fuerdéngscht-Vermëttler gemellt ginn.

Dem Fuerdéngscht-Vermëttler Uber no sinn an den USA an de leschten 2 Joer bal 6.000 Fäll vu sexueller Gewalt vu Clienten, Chaufferen oder soss Leit gemellt ginn.

Wéi et am Sécherheetsrapport vun der Firma e Freideg heescht, geet vu 464 Vergewaltegungen a 600 versichte Vergewaltegunge riets. Donieft goufen Ugrëff mat 19 Doudege gezielt. Der Entreprise no koume Clienten, Chaufferen an Onbedeelegter ëm d'Liewen.

Et ass déi éischte Kéier, datt Uber sou Zuele public mécht. D'Kloe vu Fraen, déi sexuell ugegraff goufen, hunn iwwerdeems extrem zougeholl.