Op engem US-Militärstëtzpunkt a Florida koum et zu enger Schéisserei. Op d'mannst 2 Persoune sinn dout, den Ugräifer gouf och erschoss.

An den USA huet en Ugräifer op engem Militärstëtzpunkt op d'mannst zwou Persounen ëmbruecht. Wéi d'US-Marinn e Freideg matgedeelt huet, huet de Mann um Militärstëtzpunkt Pensacola am US-Bundesstaat Florida ëm sech geschoss.

Et sollen och méi Leit blesséiert gi sinn. Den Ugräifer selwer gouf erschoss. D'Hannergrënn sinn nach net gewosst.

Eréischt e Mëttwoch hat e Matrous um Militärstëtzpunkt Pearl Harbor op Hawaii zwee Mënschen erschoss.