Um Boulevard Charles de Gaulles zu Esch gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss an ass nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen.

E Freiden den Owend wollt eng Persoun um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch iwwert d'Strooss goen. Dobäi gouf si vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz, de Rettungsdéngscht an de Samu waren op der Plaz. Ma fir déi betraffe Persoun koum all Hëllef ze spéit. Si ass nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. Wärenddeem d'Spuere vum Accident séchergestallt goufen, war d'Strooss fir de Verkéier gespaart.

Do dernieft goufen et 3 weider Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten:

Géint 17h45 gouf eng weider Persoun an der Brillstrooss zu Esch vun engem Auto ugestouss.

Géint 18h40 waren an der Sortie fir an de Rond-Point Gluck op der A3 3 Autoen anenee gerannt.

Géint 18h40 gouf eng Persoun an der Rue Joseph Felten um Houwald vun engem Auto ugestouss.