Déi meeschte Fluchpassagéier goufen am Vereente Kinnekräich gezielt. Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Fluchpassagéier ëm 12 Prozent geklommen.

2018 sinn 1,1 Milliarde Mënschen an der EU mam Fliger geflunn. Dat sinn der knapps 63 Millioune méi ewéi nach 2017. Dës Zuele ginn aus engem Rapport vun Eurostat ervir.

Déi meeschte Fluchpassagéier goufen am Vereente Kinnekräich gezielt. 272 Millioune Mënschen hunn zejoert hei de Fliger geholl. Mat 222 Millioune Passagéier kënnt Däitschland op déi zweete Plaz. Am stäerksten ass d'Zuel a Litauen geklommen. Hei goufen am Verglach mat 2017 19 Prozent méi Fluchpassagéier gezielt. Ma och zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Fluchpassagéier geklommen. Dat ëm 12 Prozent am Verglach mam Joer 2017.

Wat d'Fluchhäfe betrëfft goufen déi meescht Passagéier um Fluchhafen Heathrow zu London gezielt. 80 Millioune Leit hunn zejoert hei de Fliger geholl. Zu Paräis um Fluchhafen Charles de Gaulle waren et der 72 Milliounen an um Schipol zu Amsterdam waren et der 71.