An der Rue d'Audun waren 10 Männer unenee geroden. Den Ausléiser vum Sträit ass net gewosst.

E Samschdeg géint 1 Auer 50 koum et an der Rue d'Audun zu Esch zu enger Ausenanersetzung tëscht 10 männleche Persounen. Eng Partie vun hinne gouf dobäi mat Messeren a gebrachene Fläsche blesséiert. Wéi et vun der Police heescht, missten déi genee Ëmstänn vun der Kläpperei nach ermëttelt ginn.