Zu Miedernach, Ettelbréck an Dikrech huet d'Police kontrolléiert. Am Ganze goufen 3 Permisen agezunn.

Tëscht 19 Auer 30 an 23 Auer 30 huet d'Police e Freideg den Owend Alkoholkontrollen duerchgefouert. Dëst op der N14 zu Miedernach an op der N7 zu Ettelbréck an zu Dikrech. Am Ganze goufe 505 Automobiliste kontrolléiert. 12 Mol war den Test positiv. 7 Chauffere goufe verwarnt a 5 kruten e Protokoll. 3 Stéck haten esou vill gedronk, dass si de Führerschäin nach op der Plaz ofgeholl kruten.