Bei engem Gedenkmarsch fir e Jugendlechen, deen 2008 erschoss gouf, koum et a Griicheland zu Ausenanersetzungen tëscht der Police an den Demonstranten.

A Griicheland koum et e Freideg bei engem Gedenkmarsch zu Ausenanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police. Zu Athen ware ronn 4.500 jonk Mënschen duerch Stroosse gaange fir engem Jugendlechen ze gedenken, deen 2008 vun der Police erschoss gouf. Dobäi koum et zu enger Ausenanersetzung mat der Police.

D'Demonstranten hu mat Molotowcocktailer a Steng op d'Poliziste geschoss. Dës hunn doropshin Tréinegas agesat. 50 Persoune goufe virleefeg festgeholl. Wéi et vun der Police heescht, wier ee Polizist blesséiert ginn.

Och zu Thessaloniki, der zweetgréisster griichescher Stad, koum et zu Ausenanersetzungen. Hei waren 2.200 Mënschen op d'Strooss gaangen, vun deenen der 400 mat der Police unenee gerode waren.