Ewéi erwaart hat och d'Greta Thunberg un der Demonstratioun deelgeholl.

E Samschden Owend koum et um Bord vun der Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen, der sougenannter "COP25", zu enger Demonstratioun fir méi Klimaschutz. Zéngdausende Mënsche sinn hei op d'Strooss gaangen. Ewéi erwaart, huet och d'Grënnerin vun der Fridays-For-Future-Beweegung Greta Thunberg un der Demonstratioun deelgeholl. Seng Noriicht un déi Delegéiert op der Konferenz war eendeiteg. Dem Greta Thunberg no géinge jonk Mënschen d'Verännerunge bréngen, déi néideg wieren, och wann eng Partie Leit Angscht virun dëse Verännerungen hätten an hiert Liewen ewéi gewinnt weiderliewe wéilten. Dowéinst wéilt een der jonker Generatioun hir Stëmm huelen. Iwwerdeems sot hatt, dass déi politesch Verantwortlech de Klimawandel nach ëmmer ignoréiere géingen.