Well et op der Welt géinge Plaze ginn op deenen et vill reent, muss een et dem Donald Trump no mam Spuere vum Waasser net esou genee huelen.

Den amerikanesche President Donald Trump soll sech am Kader vun engem Treffe mat Entrepreneuren iwwert Mesurë fir Waasser ze spuere beschwéiert hunn. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, hätt den Trump sech ënnert anerem doriwwer beschwéiert, dass mëttlerweil nëmmen nach esou wéineg Waasser aus dem Krunn géing kommen, dass ee knapps nach seng Hänn wäsche kéint. Weider soll den Trump déi amerikanesch Ëmweltagence EPA beoptraagt hunn, d'Mesurë fir Waasser ze spueren ze lockeren. Hie soll dëst ënnert anerem domat begrënnt hunn, dass et géinge Plazen op der Welt ginn, wou esou vill Waasser géing vum Himmel falen, dass d'Leit net méi wësse géingen, wat se domadder solle maachen.