Dat 15 Joer aalt Angela Aya Corso gëtt zanter dem 23. Februar vermësst. Do war hatt fir d'lescht um Kierchbierg gesi ginn.

Dat mannerjäregt Angela Aya Corso vun Esch gëtt vermësst. Fir d'lescht gouf dat 15 Joer alt Meedchen den 23. Februar géint 17 Auer um Kierchbierg gesinn an ass zënterhier net méi Heem komm.

Wien nëtzlech Informatiounen huet, wou dat Jugendlecht sech ophält, soll dem Stater Policebüro ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 Bescheed soen.