Bis ewell goufe scho 5 esou Analysen duerchgefouert, déi vun 2018/2019 ass iwwert den Zäitraum vu 6 Méint duerchgefouert ginn.

Am Kader vun enger

ass de Knascht, deen an der schwaarzer Poubelle lant, aus 16 verschidde Gemenge manuell sortéiert an ofgewie ginn. Dem Ëmweltministère no ass festgehale ginn, datt pro Kapp a pro Joer 193,7 Kilo Reschtoffall gezielt ginn ass.

Dat sinn ongeféier 13,2% manner wéi nach bei der Analys 2013. Donieft heescht et, datt den Undeel u Biooffäll nach ëmmer héich ass. Hygiènesartikele wéi fiicht Dicher, Tamponen oder soss Toilettenartikele si staark geklommen.

Weider goufen 12,9 Becheren an 2,1 Tellere gezielt, déi just eemol benotzt goufen. Bei de Plastiksfläsche sinn et 24,2 Milliounen, dat sinn 2,6 Kilo pro Awunner. Bei de Kaffiskapsele goufen 956 Tonne gezielt, dat si 54,6 Millioune Kapselen d'Joer.