De Lëtzebuerger Ausseminister ass der Meenung net op d'Erpressung vun der Tierkei anzegoen an sech un d'Obligatioune vum Accord mat der Tierkei ze halen.

Un der EU-Baussegrenz tëscht der Tierkei a Griicheland ass d'Situatioun weider kritesch, an der Tëschenzäit hunn awer eng ganz Rëtsch Länner sech bereet erkläert mannerjäreg Flüchtlingen opzehuelen. Och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet gesot, dass ee prett wier fir 10 Mineuren opzehuelen.

Wéi hien den Deputéierte vun der zoustänneger Komissioun den Dënschdeg sot, wier dat zwar net d'Léisung vum Problem, ma et wier besser wéi näischt ze maachen.

Iwwerdeems wier et wichteg net op d'Erpressung vum tierkesche President anzegoen an sech un d'Obligatioune vum Accord mat der Tierkei vun 2016 ze halen.