Et kéinte vill Sue gespuert ginn, wann d'Mataarbechter vun der Stroossebauverwaltung net all Joer tonneweis Knascht laanscht d'Stroosse missten asammelen.

An de leschte 6 Joer sinn eleng 251'700 Aarbechtsstonne bei der Stroossebauverwaltung drop gaange fir Offall eleng laanscht d'Landstroossen opzerafen. Dat äntweren déi zoustänneg Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engelen.

Eleng 2015 goufen esou an der Moyenne 103 Kilo Offall pro Kilometer laanscht d'Nationalstroossen an 216 Kilo laanscht d'Autobunnen agesammelt. Geschat gëtt, dass esou ronn 1,2 Milliounen Euro d'Joer fir d'Botze laanscht Nationalstroossen an Autobunnen ufalen. De Gros dovu si Personalkäschten.