Weltwäit klëmmt d'Zuel vun den Infektioune mam Coronavirus, och an Europa.

D‘Zuel vun den Europäer déi sech mam Coronavirus infizéiert huet, geet weider an d’Luucht. An Italien sinn den Autoritéiten no antëscht iwwer 10.000 Fäll bekannt. 168 Mënsche sinn iwwerdeems bannent engem Dag am Zesummenhang mat enger Coronavirus-Infektioun gestuerwen. Am Ganze sinn an Italien iwwer 630 Mënschen am Zesummenhang mam Virus ëm d’Liewe komm.

D’EU-Staats- a Regierungscheffen hunn sech op gemeinsam Mesuren am Kampf géint d’Ausbreedung vum Coronavirus gëeenegt. Dat huet d’EU-Kommissiounscheffin Urusula von der Leyen no enger Videokonferenz matgedeelt. Sou gëtt een eegene Coronavirus-Fonds an Héicht vu 25 Milliarden Euro ageriicht.

7,5 Milliarden Euro géifen direkt zur Verfügung gestallt ginn. Mat de Sue solle virun allem d’Gesondheetswiesen, den Aarbechtsmarché wéi och kleng a mëttel Entreprisen ënnerstëtzt ginn.