D'Parlament a Russland huet mat grousser Majoritéit fir d'Reform vun der Verfassung gestëmmt. Dëst erméiglecht et dem Putin weider am Amt ze bleiwen.

Dat russescht Parlament huet déi gréisste Verfassungsännerung an der Geschicht vum Land decidéiert. Esou gëtt och nei Amtszäit vum President Wladimir Putin erméiglecht. De 67-Järege kéint elo mam neie Gesetz no 2024 nach bis maximal 2036 regéieren.

Deputéiert vun der Kommunistescher Partei hu kritiséiert, datt dem Putin seng bis ewell 4 Amtszäiten esou net méi gezielt ginn. Haut muss nach d'Iewescht Haus vum Parlament decidéieren.

Fir den 22. Abrëll ass eng Volleksofstëmmung iwwert d'Reform geplangt. Eréischt duerno kann d'Reform offiziell a Kraaft trieden.