Och d'Lëtzebuerger Airline kritt d'Folge vun der Ausbreedung vum Coronavirus ze spieren. De Fluchplang gëtt ugepasst.

Wéi d'Luxair op hirer Internetsäit an Twitter e Mëttwoch matgedeelt huet, ginn all d'Flich op Mailand, Venedeg a Florenz bis den 3. Abrëll inclus gestrach. Déi lescht Flich a Richtung Mailand sinn den 12. an 13. Mäerz an déi op Roum den 12. a 15. Mäerz. Annuléiert Flich ginn automatesch rembourséiert, esou d'Luxair. Och d'Frequenze vu Flich baussent Italien gi reduzéiert. Hei ass et den Appell virum Fléien op

de Status nozekucken. Et zielen d'Rees- an Arees-Beschränkunge vun der Zildestinatioun.