Eng Persoun vun 90 Joer an der Belsch ass um Coronavirus gestuerwen. Am Nopeschland ass dat den éischten Doudesfall.

An der Belsch ass e Mëttwoch den éischten Doudesfall duerch de Coronavirus gemellt ginn. D'Gesondheetsministesch huet matgedeelt, datt d'Affer 90 Joer hat a vu Bréissel kënnt. Haut wëll een nach eng Pressekonferenz ginn a weider Detailer matdeelen. An der Belsch sinn de rezenten Zuele vu gëscht no eng 267 Persounen infizéiert.

An Europa ass Italien am stäerkste betraff. Bis ewell sinn hei 631 Mënsche gestuerwen. An Italien sinn d'Aschränkungen a Punkto Beweegungsfräiheet op d'ganz Land ausgedehnt ginn. Éisträich huet weider Reesbeschränkunge wéinst de Corona-Fäll an Italien decidéiert. Wéi d'Eisebunnsgesellschaft ÖBB matgedeelt huet, gëtt den Zuchverkéier iwwert d'Grenzen agestallt.

D'Tiroler Police fänkt haut mat de Kontrolle vum Arees-Verkéier op de Stroossen un. An Däitschland mussen iwwerdeems vill Fussballsmatcher an eidele Stadie gespillt ginn. Frankfurt huet awer matgedeelt, datt de Europaleague-Match géint Basel muer viru Public gespillt gëtt.