Wéinst der rasanter Ausbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg goufen elo vill Evenementer ofgesot. Hei fannt dir den Iwwerbléck.

Scho fréi sinn de

an de

ofgesot ginn, dat wéinst der Evolutioun vun der Ausbreedung vum Coronavirus. D'

-Foire gëtt da vu Mäerz op Ufank Juli verréckelt.

Vill Sportsevenementer a Championnater ofgesot
D'FLTT huet no der Annonce vum Regierungsrot all national Dëschtennis-Kompetitiounen ofgesot. Wéi et am Communiqué heescht, géif ee kucken, wéi et weider geet, wa sech d'Situatioun bis normaliséiert huet.

D'Fussballfederatioun FLF huet dann och matgedeelt, datt all Fussballsmatcher grad wéi déi vum Futsal zu Lëtzebuerg wéinst dem Coronavirus ofgesot ginn. D'Decisioun gëllt bis op Weideres. D'FLF suivéiert d'Situatioun an hält de Public um Lafenden.

D'Lëtzebuerger Tennisfederatioun deelt da mat, dass all d'Rencontere vum FLT Cup ofgesot sinn an op méi spéider Datumer verréckelt ginn. Betraff sinn all d'Matcher, dat och an der Coupe Jeunes, wéi och den FLT Cup bei de Senioren an de Seniors Plus.

Vum

huet et da geheescht, dass een all d'Wanderunge vun der IVV zu Lëtzebuerg bis den 31. Mäerz wäert ofsoen. Et wéilt een d'Pandemie am A behalen a weider Annulatioune wann néideg matdeelen.

Och d'nationaalt Jugend an Honneur's Championnat vum Judo, dat u sech sollt de 14. Mäerz sinn huet misste verréckelt ginn.

Kielen seet grouss Evenementer wéi Eemaischen of
Wéinst dem Coronavirus ass d'Nouspelter Eemaischen dëst Joer ofgesot. Dëst hunn d'Organisateuren op der Facebook-Säit matgedeelt. Wéi et heescht gouf d'Decisioun vun den zoustännege Gemengenautoritéite geholl.

Leit, déi schonn en Ticket am Virverkaf hunn, kréien dëse bei de Membere vun der Eemaische rembourséiert.

An deem selwechte Kontext huet de Schäfferot vu Kielen decidéiert all gréisser Manifestatiounen tëscht dem 11. Mäerz an dem 1. Mee um Territoire vun der Gemeng Kielen ofzesoen. Dës Entscheedung wier zesumme mat de Veräiner getraff ginn. Betraff sinn am Ganzen

D'Gemeng Stengefort huet dann ugekënnegt, dass all d'Manifestatiounen a Coursen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn, ofgesot ginn. D'Mesure gëllt bis viraussiichtlech den 2. Abrëll. All d'Detailer fannt dir

Vill Kavalkaden ofgesot
Iwwerdeems ass wéinst der Ukënnegung vun der Regierung wat Evenementer iwwer 1'000 Leit ugeet och d'Kavalkad zu Waasserbëlleg ofgesot ass. Dës war fir den 21. Mäerz geplangt. Wéi et vun der Responsabelen heescht, goufen och d'Festivitéite ronderëm ofgesot.

Dann ass och d'Kavalkad zu Réimech den 22. Mäerz ofgesot ginn. Dat huet d'Gemeng vu Réimech dësen Dënschdeg matgedeelt. Wéi et heescht, bleiwen déi kaaften Tickete fir d'Editioun 2021 valabel. Nieft der Kavalkad sinn all d'Festivitéiten am Kader vum Weekend vun Halleffaaschten (20.-22.03.2020) ofgesot. D'Annulatioune fannt dir

Wéi d'Gemeng Esch an de Syndicat d'Initiative vun Esch matdeele sinn all d'Festivitéite ronderëm d'Escher Fuesent 2020 ofgesot. Dës ware vum 13. bis de 15. Mäerz geplangt. Dëst betrëfft de brasilianeschen Owend „One Night in Rio“, de Kannerfuesbal, an déi 1. Escher Kapesëtzung. Weider ass och d'Escher Cavalcade an d'Après-Cavalcade ofgesot.

Stroossen seet all Event an zouene Raim of
Och d'Gemeng Stroossen huet matgedeelt, dass all Manifestatiounen, déi an zouene Raim organiséiert ginn bis den 20. Abrëll wäerten ofgesot ginn. Wéi et heescht, wéilt ee keen onnéidege Risiko agoen, fir sech mam Coronavirus unzestiechen. Eng aktuell Lëscht mat den Evenementer, déi ofgesot ginn, fannt dir

Annulatioune fir "LuxSkills", Porte Ouverte vun der Uni.lu
Wéi den Educatiounsministère en Dënschdeg matgedeelt huet, gëtt och d'Editioun 2020 vu "LuxSkills" ofgesot. Den Event war fir den 20. bis den 23. Abrëll ugesat a gëtt elo op Ufank 2021 verluecht. Wéi et weider heescht ass och de "Léierplazendag" den 22. Abrëll annuléiert ginn.

An deem selwechte Kontext huet d'Uni Lëtzebuerg decidéiert d'Porte Ouverte den 21. Mäerz ofzesoen.

Amplaz vun de Live-Evenementer um Campus wäerten audiovisuel Presentatiounen um Site openday.uni.lu accessibel sinn. Do wäerten dann och Presentatiounen zur Uni an de Bachelor- a Masterstudiegäng ze fanne sinn. Interesséierter kënnen iwwerdeems detailléiert Informatiounen an de Studiebrochüre fannen. Weider Infromatioune fannt dir

Weider ass d'Marche pour la paix, déi fir den 28. Mäerz geplangt war ofgesot. De

ass op den 20. Juni verréckelt ginn.

Wéi d'Philharmonie matgedeelt huet, ginn all d'Concerten tëscht dem 12. a 15. Mäerz ofgesot. Déi betraffe Cliente gi vun der Philharmonie informéiert.

Liest hei de Communiqué vum Luxembourg City Film Festival:

Se référant aux consignes de restrictions annoncées par le conseil de gouvernement aujourd’hui 12 mars 2020, les organisateurs du Luxembourg City Film Festival ont décidé d’arrêter la 10ème édition du Festival à partir de demain matin.

Les séances de cinéma et événements prévus pour le vendredi 13 mars, le samedi 14 mars et le dimanche 15 mars sont donc annulées.
Le remboursement de billets individuels pour les séances en question se fera sur demande.
Nous souhaitons également remercier le public, tous les festivaliers, les collaborateurs, les partenaires et les amis, pour leur participation à cette 10ème édition.
Nous serons disponibles par téléphone dans les jours qui viennent pour toutes informations complémentaires.
Nous vous remercions de votre compréhension.
Les organisateurs du Festival

Changementer an der Chamber
Och an er Chamber si Changementer annoncéiert ginn. Wéi et an engem Communiqué heescht, ginn international Reuniounen, grad wéi Reesen an d'Ausland bis den 3. Abrëll gestrach oder op aner Datumer verréckelt. Och d'Rendezvouse fir Visiteursgruppe sinn ofgesot ginn. D'Sëtzungen an der Chamber, souwuel an der Kommissioun wéi déi ëffentlech Sëtzungen, ginn ofgehalen.

Dann ass de 60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot. Dofir gëtt de Statuten no bei der Versammlung de 16. Mäerz d'Amtszäit vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury provisoresch verlängert.

Vun der Arméi heescht et, dass all d'Concerte vun der Militärmusek ofgesot ginn. De Verdeedegungsminister wäert Personal fir d'Hotline vum Gesondheetsministère zur Verfügung stellen.

Hei de Communiqué vun der Arméi:

Dans le cadre du COVID-19 les concerts de la musique militaire ne pourront plus être assurés jusqu’à la fin du mois, à ce stade. Le Ministre de la Défense met à disposition le personnel afin de renforcer la hotline du Ministère de la Santé.

Hei de Communiqué vun der FLT:

D'Auswierkunge vum Corona Virus (COVID-19) sinn och all Dag verstäerkt am Sportberäich ze mierken. Duerch d'Dynamik déi d'Verbreedung vum Virus mat sech zitt ännert sech d'Situatioun immens schnell an doduerch si mëttel- a laangfristeg Prognosen net ze maachen.

De Conseil d’Administration vun der FLT huet wéinst der aktueller Evolutioun vun der Corona Virus Pandemie decidéiert dass all Rencontere vum FLT Cup ofgesot sinn an op spéider Datumen am Joer verréckelt wäerte ginn. Dovu betraff sinn all d'Rencontere vum FLT Cup, souwuel vun der Coupe Jeunes wéi och vum FLT Cup bei de Seniors an der Coupe Seniors Plus!

D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun wäert d'Situatioun reegelméisseg analyséieren an d'Veräiner zäitno doriwwer informéiere wann nei relevant Informatioune virleien an nei Decisioune geholl goufen.

Liest hei de Communiqué vun der FLAM:

Wéi Dir bestëmmt schonn all wësst, hu mir d’Decisioun missten treffen eis Nationaalt Jugend an Honneur’s Championnat, dat vir den 14 Mäerz 2020 geplangt war, ze verleeën. No enger neier Evaluatioun vun der aktueller Situatioun a räichlecher Iwwerleeung, ass dës déi richteg an virsiichtegst Decisioun, au vu vun der Verbreedung vum COVID-19 Virus.

Mir soen Iech Merci vir äert Verständnis an informéieren Iech iwwert e neien Datum, soubal mir kënnen.

Liest hei de Communiqué vum Educatiounsministère:

Annulation de l’édition 2020 des LuxSkills (10.03.2020)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Suite aux recommandations de la Direction de la santé concernant les événements rassemblant un grand nombre de personnes, le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse et WorldSkills Luxembourg ASBL ont décidé d’annuler l’édition 2020 des LuxSkills, concours nationaux des métiers et professions.

Étant donné que la santé d’un chacun prime et au vu de la situation actuelle liée au coronavirus COVID-19, l’événement initialement prévu du 20 au 23 avril 2020 au Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) à Esch/Alzette n’aura pas lieu en 2020, mais sera reporté au début de l’année 2021.

Le «Léierplazendag», co-organisé par RTL Radio Lëtzebuerg, l’ADEM, la Chambre de commerce, la Chambre des métiers et le ministère, qui devait se dérouler le mercredi 22 avril 2020 dans le cadre des LuxSkills, est également annulé et reporté à une date ultérieure.

Liest hei de Communiqué vum LCGB:

Absage des 60. Nationalkongresses des LCGB

Der LCGB hat in enger Absprache mit den zuständigen Regierungsbehörden beschlossen, seinen Nationalkongress auf einen späteren (unbestimmten) Zeitpunkt zu verschieben, um die Präventionsmaßnahmen gegen den Corona-Virus COVID-19 zu unterstützen und aus Sorge um die Gesundheit der Teilnehmer.

Wie in der LCGB-Satzung vorgesehen, wird der Exekutivausschuss der Gewerkschaft im Rahmen seiner nächsten Sitzung am 16. März 2020 die Amtszeit des LCGB-Nationalpräsidenten Patrick DURY provisorisch verlängern.