Eng Fra hat den Accident gesinn an duerno mam Cyclist, dee gefall war geschwat. Dës Fra soll sech bei der Police mellen.

De Samschdeg de 7. Mäerz koum et géint 10.50 Auer tëscht Riedgen a Reckeng op der Mess zu engem Verkéiersaccident, bei deem e Cyclist gefall war.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no enger Fra, déi den Accident gesinn hat an de Cyclist no deem sengem Zoustand gefrot hat. D'Fra gëtt gebieden sech bei der Police vun Dikrech ze mellen, dat ënnert dem Tel.: 244801100 oder per E-mail un: pcr.nord@police.etat.lu.