Am Februar war de Weinstein schëlleg geschwat ginn, de Mëttwoch krut hien du gesot, wéi héich seng Strof wäert ausfalen.

De fréieren Hollywood-Produzent Harvey Weinsetin ass wéinst Vergewaltegung a schwéierer sexueller Gewalt zu 23 Joer Prisong veruerteelt ginn. E Riichter hat d'Strofmooss géint de 67-järegen de Mëttwoch bekannt ginn.

Hie war am Februar schëlleg geschwat ginn.

Wéi et vum Weinstein sengen Affekoten heescht, wéilt een awer juristesch géint d'Uerteel virgoen.