Op der A3 gëtt moies gären emol probéiert e Stéck Stau iwwer d'Aire de Berchem ze ëmfueren. De Mëttwoch hat d'Police op déi Chauffere gewaart.

De Mëttwoch de Mueren hat d'Police op der Aire de Berchem op der A3 kontrolléiert. Vill Automobilisten haten sech nämlech opgereegt, dass do dacks Chaufferen iwwer d'Camionspuer géife fueren, fir esou e Stéck vum Stau ze ëmfueren.

Dat ass natierlech verbueden a mécht fir déi, déi sech un d'Reegelen halen de Stau nach méi grouss.

An esou hunn d'Beamte bannent nëmmen enger Stonn 47 Verwarnungen ausgedeelt.