De Mëttwoch den Owend huet d'Weltgesondheetsorganisatioun den Ausbroch vum Virus nei agestuuft. Domat gëtt déi global Dimensioun vun der Kris ënnerstrach.

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet den Ausbroch vum neie Coronavirus elo als Pandemie agestuuft.

Wéi et vum WHO-Chef zu Genf de Mëttwoch geheescht huet, wier hien wéinst der weltwäiter Verbreedung „déif besuergt“ doriwwer, dass näischt am Kampf géint de Virus géif gemaach ginn.

An der Tëschenzäit hunn sech iwwer 110'000 Mënsche mam Virus infizéiert.