D'Zuele vun de confirméierten Infektiounen an Doudege klëmmt all Dag. Mat deels drastesche Mesurë gëtt versicht, eng weider Ausbreedung ze verhënneren.

Weltwäit versichen ëmmer méi Länner, duerch drastesch Mesuren, déi weider Ausbreedung vum Coronavirus ze verhënneren.

Den US-President Trump wëll wéinst dem Coronavirus déi meescht Europäer net méi an d'Land loossen. Groussbritannien wier vun dëser Mesure net betraff. D'Reesverbuet gëllt bis op Weideres fir 30 Deeg, dat vun e Freideg Hallefnuecht un, amerikanesch Zäit.

Den Trump sot als Begrënnung dass d'EU net genuch op d'Ausbreedung vum Virus reagéiert hätt. Amerikaner déi aus der EU kommen, déi negativ op de Virus getest goufen, wieren net vum Areesverbuet betraff.

Den Trump hat schonn Enn Januar een Areesstopp fir auslännesch Reesender decidéiert, déi 2 Woche virdrunner a China waren. Den Trump sot, dass d'USA eng liewenswichteg Mesure ergraff hätten, wéi si bei China séier reagéiert hätten, elo missten si mat Europa déi selwecht Mesure ergräifen.

An Italien huet de Ministerpresident Conte dann ugekënnegt, dass bal alleguerten d’Geschäfter bis op Weideres (op d'mannst déi nächst 2 Wochen) zoumaache mussen. Just liewenswichteg Betriber dierfen ophunn, wéi Liewensmëttelgeschäfter an Apdikten. Mee och Tankstellen an Zeitungsgeschäfter. Liwwer-Entreprise wéi Pizza-Liwwerdéngschter sinn och erlaabt. Medezinner a Fuerscher an Italien haten eng weider Verschäerfung gefuerdert, well nëmmen sou, d’Gefor de Virus z’iwwerdroen, op ee Minimum reduzéiert kéint ginn.

An Éisträich ginn all d'Schoulen een nom aneren zougemaach, an dat vun e Méindeg un. All déi Kanner déi doheem betreit kënne ginn, sollen doheem bleiwen. All déi aner Kanner ginn an Ariichtunge betreit, esou den éisträichesche Kanzler Kurz. Gëlle soll d’Reegelung bis de 14. Abrëll. D'Tiroler Landesregierung huet dann decidéiert, dass d'Schigebitt Ischgl vum 14. Mäerz un, fir 14 Deeg zou bleift. D'Schi-Gebidder Galltür, Kappl a See bleiwen awer op.