Am Kampf géint geféierlech Stéckoxide fänkt Holland mat der Aféierung vun Tempo 100 op den Autobunnen un.

Schonn Enn 2019 huet déi hollännesch Regierung de Beschloss gefaasst, déi generell Vitesslimitatioun op den Autobunnen erofzesetzen. Wéi bei eis waren och op hollännesche Stroosse bis elo 130 Kilometer an der Stonn erlaabt. Deelweis bleift dës Vitess och nach bestoen.

Lauschtert eran!

Ma wéi koum dës Decisioun? Vir ewech: Natierlech ka mat esou enger Limitatioun den Taux vu schwéieren oder souguer déidlechen Accidenter erofgoen – och bei eis ass d'Vitess eng vun den zentralen Ursaache fir schwéier Verkéiersaccidenter. Ma dat ass awer net de primäre Grond fir dës Decisioun. D'Neireegelung ass mat Bléck op eng Reduktioun vun de geféierleche Stéckoxid-Wäerter decidéiert ginn. D'Emissioune sinn ze héich a leien däitlech iwwert dem Grenzwäert, dee vun der Europäescher Unioun festgeluecht gouf.

Dat héchste Geriicht vun der Regierung hat souguer gréisser Bauprojete gestoppt an de Premier Mark Rutte opgefuerdert, méi am Kampf géint déi héich Emissiounen ze ënnerhuelen – esou koum d'Vitesslimitatioun an d'Spill, déi vum 16. Mäerz u gëllt. Wéi gesot gëllt Tempo 100 just deelweis. Heescht owes tëscht 19 Auer bis moies fréi 6 Auer gräift Tempo 130, am Dag läit d'Grenz bei 100. D'Limitt gëllt vum Schëld un. Et ass de Rappell vun der Regierung, d'Signalisatioune genee am Bléck ze behalen.