TNS-Ilres huet d'Lëtzebuerger Residente gefrot, wéi si géintiwwer dem Coronavirus agestallt sinn.

52% vun den Awunner hei zu Lëtzebuerg sinn a Punkto Coronavirus net besuergt, weder fir sech selwer nach fir hir Famill. Dat geet aus enger rezenter TNS-Ilres-Ëmfro ervir, fir déi 968 Persounen tëscht dem 10. an 11. Mäerz befrot goufen. Ma 6 vun 10 Residente weise sech awer besuergt, wat d'Ausbreedung vum Virus ugeet.

Dräi Véierel sinn dann iwwerzeegt, genuch iwwert de Virus informéiert ze sinn. Weider geet aus der Ëmfro ervir, datt 49% der Meenung sinn, Lëtzebuerg wier net prett, fir mat der Situatioun ëmzegoen.